
Scènes d’Intérieur läit am Häerze vun Ettelbréck an ass e Buttik, deen originell a modern Bannenariichtung ubitt. Hei fannt Dir eng Auswiel un Objeten, Miwwelen, Bettwäsch a villes mei, déi mat vill Léift rausgesicht gouf, fir an all Wunnraum Stil a Charakter ze verbreeden.
Eis engagéiert Ekipp empfänkt Iech an enger häerzlecher Atmosphär an hëlleft Iech dobäi, en Interieur ganz no Ärem Goût zesummenzestellen: raffinéiert, zäitgeméiss an inspiréierend.
Uewenop erwaart Iech eng gemittlech Welt, déi op dat méi jonkt Publikum ausgeriicht ass a souwuel déi kleng wéi och déi grouss zum Dreeme bréngt.
Kommt laanscht, entdeckt eis Produkter a setzt Är eegen, individuell Ariichtung ëm.










Erlieft déi verschidde Produktkategorie fir all Raum ze verschéineren an den individuellen Touch vun Ärem Doheem ze realiséieren.
Kommt lanscht an entdeckt alles direkt in unserem Geschäft!

An engem charmante Kanner-Eck fannt Dir ausgewielt Accessoire a verspillten Dekoratiounen, déi d’Kannerzëmmer zu engem gemittlechen Doheem maachen.

Eng Auswiel un designorientéierten a funktionelle Miwwelen, déi Stil, Comfort a Praktikabilitéit vereenen.

Eng grouss Auswiel fir all Goût, fir all Raum stilvoll an harmonesch ze dekoréieren.

Fannt deen ideale Kaddo fir all Occasioun oder iwwerloosst de Choix Äre Léifste mat engem Kaddosbong.

Bequem an elegant Bettwäsch, déi Comfort, Qualitéit an Ästhetik fir all Zëmmer vereent.
























Als ee vun deene gréissten däitsche Siicht- a Sonnneschutzhiersteller kënne mir op iwwer 90 Joer Erfollegsgeschicht zeréckblécken. Eis Produktpalett ëmfaasst souwuel Siicht- a Sonneschutz fir de Bannen- a baussenberäich, Dekoratioun an Accessoire wéi Rideausstaangen a -Schinnen, wéi och Insekteschutz.
Bei Feuerloft gestalte mir Räim, an deene Feier zur Inspiratiounsquell gëtt. En Holzfeier gëtt net nëmmen Hëtzt of, mee schaaft och Atmosphär, verbreet Emotiounen a suergt fir Charakter. Ob héichwäertegen Uewen oder op d’Mooss realiséierte Kamäin – mir entwéckelen individuell Léisungen, déi sech an d’Innenarchitektur vun Äre Räim afügen.
Eisen Asaz hält net beim Kamäin op: Mir entwéckele komplett Konzepter, déi en Impakt op de ganze Wunnraum hunn. Nieft eise Miwwel vu stiil living, déi lokal vun der Mabian Holzmanufaktur hiergestallt ginn, komplettéieren och d’Dekoselementer vum Buttek Scènes d’intérieur eis Projeten.
Mir bidden och Léisunge fir Feierplazen Dobaussen un, déi technesch Leeschtung, Ästhetik an Individualiséierung vereenen.
Eist multidisziplinär Ekipp stellt säi Fachwëssen an den Déngscht vun erfollegräiche Projeten, déi op all Client individuell zougeschnidde sinn. Schaarschtechbotzerarbeschten, Entretien a Bau vu Kamäiner gehéiere selbstverständlech zu eisen Déngschtleeschtungen. Fir eis muss Feier Wuelbefanne verbreeden a sech gläichzäiteg einfach an elegant an den Alldag integréieren.
Verpasst näischt! Mellt Iech u fir eisen Newsletter, fir eis Neiegkeeten, Deko-Tipps a Geschenkiddien direkt a Form vun enger E-mail heem geschéckt ze kréien.